Jang Linster
« D’Hochzäit vun eisem Jenny an Haffen zu Wickréng war e grousst Evenement. 120 Leit dorënner Veganer a Vegetarier, also eng grouss Erausfuerderung fir d’Kichen. Et war fantastesch, de Frank Steffen an eist Léa hunn dat zesumme gemaach, a mir hate vun Allem dat Bescht. D’Susanne vum SteffenTraiteur hat alles koordinéiert an un alles geduecht. Eist Jenny, säi Mann den Thiemo, an déi vill Gäscht waren all glécklech. Méi schéin kann eng Hochzäit net sinn, oder? »